
Fakten:
Den Joseph J. Jones ass réischt 25 Joer al an huet awer eng Stëmm, déi kléngt, wéi wann hien ee laangt a schwéiert Liewen hannert sech hätt. Ufank 2018 bréngt dëse briteschen Newcomer säin éischten Album eraus. Am Virfeld presentéiert hien seng nei Single "Crawl".
Aussergewéinleches:
Den Joseph J. Jones, kuerz JJJ, ass eigentlech Boxsportler, sou wéi schonn säi Papp virun him. No Proufopnahmen an engem Tounstudio kritt hien de Feedback, dass hien net just gutt ausdeelen, mee och gutt sange kann.
Fréier Hits
Enn 2016 ass seng Debüt-EP "Hurricane" eraus komm, déi beim Musikstreamingdienst Spotify bis haut bal eng Millioune Mol ofegruff gouf. An dat, obwuel de britesche nach ëmmer ee richtege Geheimtipp ass.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rag'n'Bone Man, James Arthur
Lauschtert eran: