Sido am Eldo-Interview"Ech wollt schonn ëmmer Radio-Songs maachen"

E Skandalrapper, dee sech virun der Show masséiere léisst an op Ingwer-Téi schwiert.

Leschten Update: 28.11.2019, 10:36:40

© Eldoradio

"Super Intelligentes Drogenopfer" - en Akronym fir Sido, mee wéi schwätzt een de Papp vum däitschen Hip-Hop iwwerhaapt un? Am Beschten net mat sengem richtegen Numm, also Paul Würdig, léiwer Siggi oder Sido. En absolutten No-Go ass et och hien als Legend ze bezeechnen, dat géif einfach ze vill no Enn vun der Karriär kléngen. An do ass de Rapper definitiv nach net ukomm, och wa sech d’Musek, de Public an d’Usiichte mat de Jore verännert hunn. Wat deemols den obligatoreschen "Schnaps" virum Concert war, ass elo den Ingwer-Téi an d'Massage vum Physiotherapeut, deen hien op all Tour begleet.

Och d'Nervositéit huet sech an de leschte Jore geluecht


Eppes wat sech och geännert huet an der Hip-Hop-Zeen ass de géigesäitege Support, an do spillt de Sido bei villen Newcomer eng grouss Roll. Sief dat bei sengem eegene Label, wou hien nei Talenter fërdert oder als Coach a Casting-Sendungen. De Grond firwat e sech asetzt? - Well hie sech selwer méi Support gewënscht hätt.

De Sido als Mentor


An d’Plattform, déi huet hien definitiv! Vill Leit si mat senge Songs opgewuess, hunn de Mann mat der Mask gefeiert oder wéinstens vu senge Skandaler héieren. Ma fir aktuell ze bleiwen muss ee sech, och wann et de Fans vu ganz fréier villäicht net gefällt, als Museker weiderentwéckelen.


Dierf een als Rapper och Pop-Songs maachen?


A well en dozou steet datt e privat léiwer aner Musek lauschtert (gäre Balladen a Gittarre-Sound), gäre mol mat Kënschtler aus anere Genre kollaboréiert an einfach Bock huet Radio-Songs ze maachen, ass et em méiglech authentesch ze bleiwen. De Sido ass éierlech, och wat seng eege Musek ugeet, hie seet wat em gefält oder eben och net méi.

Bereit de Sido seng al Songs?


Ob een éischter seng al oder seng nei Saache feiert, de Sido ass aus der däitscher Hip-Hop- a mëttlerweil dann och Radio-Zeen net méi, oder besser gesot nach ëmmer net, ewech ze denken.

De Sido am Eldo-Schnellcheck