Eldoradio "LIVE"Post Malone

E Sonndeg den Owend - ee weideren Top Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Post Malone

Leschten Update: 05.12.2019, 10:28:54

© Rich Fury GETTY IMAGES NORTH AMERICA AFP

De 6. September huet de Post Malone säin drëtten Album "Hollywood's Bleeding" erausbruecht. 5 Wochen op der Plaz 1 an den US Album-Charts, bal 400 Millioune Streams eleng an där éischter Woch nom Release an een American Music Award an der Kategorie "Favorite Album - Rap/Hip-Hop". Kuerz gesot: "Hollywood's Bleeding" ass ee vun deenen erfollegräichsten Alben vun dësem Joer.



Vum 4. Februar bis den 21. Mäerz 2020 geet de Post Malone mat sengem aktuellen Album op grouss Tour duerch d'USA a Kanada. Am Juni kënnt hien dann och fir 2 Concerten bei eis an Europa. Fir dem Post Malone seng Fans dierft virun allem den 20. Juni 2020 ganz interessant sinn, op deem Dag trëtt hien nämlech zu Landgraaf an Holland um Pinkpop Festival op - just zwou an eng hallef Stonne vu Lëtzebuerg fort.

Erlieft de Post Malone live bei eis am Programm: E Sonndeg den Owend vun 20h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App.