Rihanna: Sorry, meng Stëmm war Null!

Stresseg „777 Tour“ ass eriwwer

Leschten Update: 21.11.2012, 16:44:17

© AFP

Dem Rihanna seng „777 Tour“ ass Geschicht – 7 Concerten a 7 Deeg a 7 verschiddene Länner. Mat u Bord vu senger Boeing 777 waren och eng ganz Partie Journalisten, fir di ongewéinlech Promo-Tour ze suivéieren. An déi hu sech lo beschwéiert, de Superstar hätt just ganz wéineg Zäit fir si gehat. Oft wier et zu Verspéidunge komm, Iesse war net ëmmer beihand, an d’Optrëtter vun der Diva wieren och alt sou „la la“ gewiescht. D’Rihanna huet sech lo dofir entschëllegt, a sot: „Ech weess, meng Stëmm war Null, an ech hätt gäre méi mat iech am Fliger gefeiert, mä ech hu musse schlofe, wann ëmmer et méiglech war“.