Silbermond: Kado fir ënnert de Chrëschtbeemchen?

"Live in Dresden“ Duebelalbum

Leschten Update: 22.11.2012, 08:38:38

© AFP

Do wou se virun 10 Joer viru net mol 100 Leit opgetruede sinn, hu Silbermond leschte Summer en top Concert virun 10.000 begeeschterte Fans ginn. Hiren Optrëtt zu Dresden bréngt di däitsch Band lo als hiren éischte Live Album op de Marché. Mat drop als Bonusmaterial sinn och nach Lidder vun engem Tëleesoptrett. „Himmel auf: Live in Dresden“ kënnt lo de Weekend als Duebelalbum op de Marché.