Green Day: Quatro!

DVD Documentaire iwwert hir Album Trilogie

Leschten Update: 22.11.2012, 09:46:17

© AFP

Den 11.Dezember kënnt „Tre“, dee leschten Album vun der Green Day Trilogie raus. Fir dat ganzt ofzeschléisse, bréngt d’Punkrockband en DVD op de Marché, mam Titel „Quatro“. T’ass en Documentaire iwwert di ganz Produktiounszäit vun deenen 3 Albume. Eng sëlleche kleng Videoclipe goufen do gedréint, an déi hu Green Day lo zesummegefaasst zu engem Documentaire, deen d’Band hire Fans nach méi no soll bréngen. „Quatro“ wäert Ufank 2013 erauskommen – fällt also als Chrëschtkaddo aus....