Fiona Apple: en Häerz fir Déieren

Tour ofgesot wéinst krankem Hond

Leschten Update: 22.11.2012, 15:57:47

Hond geet viru Karriär© AFP

D’Fiona Apple huet seng Südamerikatour, déi d’nächst Woch sollt ufänken, ofgesot, well säin Hond „Janet“ am Stierwe läit. Via Facebook huet d’Sängerin sech un hir Fans geriicht a sot, deen Hond wier säi beschte Frënd, seng Mamm a säi Meedchen gläichzäiteg. Dat wier lo méi wichteg wéi d’Karriär - hatt kéint de kranken Hond lo net alleng loossen. D’Concerte wäerten zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl ginn. Respekt Fiona, fir déi Decisioun!