Jimi Hendrix: Tribute Album

Onverëffentlecht Material kënnt 2013 eraus

Leschten Update: 22.11.2012, 16:00:31

Jimi Reloaded© AFP

Nächsten Dënschde wier den Jimi Hendrix 70 al ginn. Den aflossräichste Gittarist vun der Rockgeschicht, dee säin Instrument scho mol gären op der Bühn a Brand gesat huet, gëtt mat engem Tribute Album geéiert. 12 bis lo onverëffentlecht Lidder wäerten drop sinn, déi deels ganz experimentell kléngen. Bis „People, Hells & Angels“, sou den Tittel vum Album, erauskënnt, heescht et Gedold hunn – de Release ass réischt fir de 5.Mäerz geplangt.