Rihanna: sou gutt wéi d’Madonna

Rih Rih mat Billboard Charts Rekord

Leschten Update: 22.11.2012, 16:03:23

Who's next?© AFP

Mat “Diamonds” huet d’Rihanna säin 12. Nummer 1 Hit an Amerika. An der 54 Joer laanger Geschicht vun de Billboard Charts zitt d’Rihanna domat mam Madonna a mat de Supremes gläich. De Rekord vun de Spëtzenhits hale mat 20 nach ëmmer d’Beatles, virum Mariah Carey mat 18. Vu dass d’Rihanna awer réischt 24 Joer al ass, wäert hatt dee Rekord wuel zimlech sécher nach knacken.