X-Factor: „Mrs. Greenbird“ heeschen d’Gewënner

Hippie-Koppel gewënnt Castingshow

Leschten Update: 26.11.2012, 10:05:10

© vox.de

“Mrs. Greenbird” heeschen d’Gewënner vun der 3. X-Factor Staffel. “Mrs. Greenbird” sinn d’Sarah an de Steffen, déi mat hirem ongewéinlechen Akkustikstil am apaarten Hippiestil am meeschten iwwerzeege konnten. Gëschter an der Final hunn di Zwee ënnert aanerem mam Alanis Morissette deem säin Hit „Ironic“ gesongen. E weideren Highlight war den Duett vum Jurymember Moses Pelham, zesumme mam Xavier Naidoo. No 13 Joer Sträit hunn di 2, opmannst mol op der Bühn, rëm zuenaner fonnt. Gespaant gëtt lo den Debutalbum vun der Gewënnerkoppel „Mrs. Greenbird“ erwaart.