Rita Ora: Ätsch, Rihanna!

Rivalinnen och am Filmbusiness

Leschten Update: 26.11.2012, 10:09:45

© mtv.com

D’Rita Ora huet dem Rihanna eng Roll am neien „The Fast and the Furious“ Film ewechgeholl. D’Filmbosse waren u sech ganz begeeschtert vum Rihanna, mä vu dass hatt di nächste Méint voll am Stress wäert si mat senger “Diamonds Welttournée”, sot d’Rita Ora: „Ech hätt Zäit…!“, a soll sou zur Filmroll komm sinn. Matspillen am 6.Deel vun „The Fast and the Furious“ dinn ënnert aanerem de Vin Diesel, de Paul Walker, den Dwayne Johnson an de Ludacris. Eng Noriicht, déi dem souwisou schonn ugespaante Verhältnis tescht den zwou exzentresche Sängerinne net onbedéngt wäert gutt doen...