Psy: Besser wéi den Justin Bieber

„Gangnam Style“ de meeschtgekuckte Video op youtube ever

Leschten Update: 26.11.2012, 10:55:35

© afp

De meeschtgekuckte Video op youtube war mat 804 Millioune Klicks „Baby“ vum Justin Bieber. Neie Spëtzereider an deem Klassement ass lo de Psy mat sengem Welthit „Gangnam Style“. Dem südkoreanesche Rapper säi Video mam komeschen Danzstil ass zanter Juli, wou en online goung, méi wéi 814 Millioune mol ugeklickt ginn. De Rekord vun de „Likes“ hat de Psy scho virdru gebrach – méi wéi 5 Millioune Leit hunn den „Domm no uewen“ ugeklickt. Beim Här Bieber sinn et der bis lo „just“ 1.4 Milliounen.