One Republic: 11.4. 2013 @ Rockhal

One Republic kommen Donneschdes den 11. Abrëll zréck op Lëtzebuerg- dës Kéier mat hirer neier Hitsingle "Feel Again"

Leschten Update: 26.11.2012, 11:52:07

Mat de Singelen "Apologize" an"Good Life" goufen si weltwäit bekannt an hunn och zu Lëtzebuerg am Atelier schonn 2 ausverkaaften Concerten gespillt.

Mat hirer aktueller Hitsingle "Feel Again" an dem neien Album "Native" ginn d'Museker lo op en neits op Tour- a leeën och dës Kéier e Stopp zu Lëtzebuerg an. An zwar komme One Republic Donneschdes den 11. Abrëll live an d'Rockhal.

E Mëttwoch den 28. November um 10h ginn d'Ticket'en an de Verkaf.

Weider Infos an Tix: LINK: www.rockhal.lu