Oasis: Reunion?!

„Just ënner spezielle Konditiounen“, seet de Noel Gallagher

Leschten Update: 27.11.2012, 10:28:34

© AFP

An engem Radiosinterview huet de Noel Gallagher lo verrode, wat geschéie misst, fir dass Oasis rëm zesummekommen. Heen oder säi Brudder Liam misste komplett faillite sinn, an de Noel wéisst, dass et dozou ni wäert kommen. Also wäert et och ni zu enger Reunion vun Oasis kommen. Ganz liberal ass dem Frontmann vun de Flying Birds seng Astellung zum Thema Drogen a Kanner. Seng Bouwen dierfte roueg Droge konsuméieren, awer just a Moossen. Well sou cool wéi hire Papp géingen se souwisou ni ginn... Hoffe mir mol, dass de Noel dat lo net wierklech eescht gemengt huet...!