Rolling Stones: Jubiläumsconcert zu London

Optrëtt mat prominenten Iwwerraschungen

Leschten Update: 27.11.2012, 10:29:50

Old Ass Bastards© AFP

D’Rolling Stones hu gëschter hiren éischte vu 5 Jubiläumsconcerte ginn. 23 Lidder hunn d’Rocker an der Londoner O2 Arena zum beschte ginn, deels mat prominenter Ënnerstëtzung op der Bühn. Den Jeff Beck, d’Mary J Blige, an di fréiher Stones-Membere Bill Wyman a Mick Taylor hunn et sech net huele gelooss, mat Jagger a Co Duetter ze sangen. Virum Concert war e Video gewise ginn, an deem Stare wéi Iggy Pop, Elton John, Angus Young an Johnny Depp erklärt hunn, wat d’Stones an hir Musek hinne bedeiten.