Robbie Williams: nächst Joer op grousser Tour

“Take the Crown Stadium Tour 2013”

Leschten Update: 27.11.2012, 13:00:56

Rampensau© AFP

De Robbie Williams geet d’nächst Joer rëm op grouss Open Air Tournée. Mat sengem neien Album „Take the Crown“ tourt de Superstar queesch duerch Europa – lass geet et am Juni mat 5 Concerten an England. Duerno stinn Däitschland, Holland, Éisträich, Belsch, Dänkemark, Schweden, Schwäiz  an Italien um Programm. Di nooste Concerte fir lëtzebuerger Robbie-Fans sinn den 10.Juli zu Gelsenkirchen an den 3.August zu Bréissel. De Virverkaf vun den Tickete wäert nächste Weekend ufänken.