Grammy Hall of Fame: Inductees 2013

Bekannte Lidder an Albume ginn an d’Hall opgeholl

Leschten Update: 27.11.2012, 15:57:18

© calgaryherald.com

27 bekannte Lidder an Albume wäerten 2013 an d’Grammy Hall of Fame opgeholl ginn, dorënner z.B. dem Whitney Houston säin Debutalbum vu 1985, oder „Back in Black“ vun AC/DC. Fir an déi Hall of Fame opgeholl ze gi, muss d’Material opmannst 25 Joer aal sinn, an eng qualitativ oder historesch Bedeitung hunn. Bekannte Lidder, déi vun der Grammy Academy nominéiert goufe, sinn z.B. „Hit the Road, Jack“ vum Ray Charles, „The Piano Man“ vum Billy Joel, an „Theme from 'New York, New York'” vum Frank Sinatra.