Rihanna: “Unapologetic” Nummer 1 an England

RiRi ass sou gutt wéi d‘Madonna

Leschten Update: 27.11.2012, 15:59:00

© AFP

No “Loud” an “Talk that Talk” ass dem Rihanna säi neien Album “Unapologetic”, grad sou wéi seng Virgänger, op Plaz 1 gaang an England. 3x hannerteneen un d’Spëtzt vun de UK Album Charts – domat ass d’Rihanna sou gutt wéi d’Madonna, d’Avril Lavigne an d’Norah Jones. Punkto Gesamt-Plackeverkeef steet d’RiRi mat méi wéi 3 Milliounen Exemplairen nach op Plaz 2 an England, hannert dem Madonna, mä d’Rihanna huet mat senge 24 Joer nach genuch Zäit, fir dee Rekord ze knacken.