Adele: Chartsrekord an England

„21“ 95 Woche laang an der Top 40

Leschten Update: 27.11.2012, 16:00:37

© AFP

De 24.Januar 2011 war dem Adele säin Album „21“ op de Marché komm, a stoung bis leschte Weekend permanent an der Top 40 vun den offizielle UK Charts. 71 Wochen um Stéck war „21“ an der Top 10 vertrueden, a 95 Woche laang an der Top 40 – also knapp 2 Joer um Stéck! Bis elo huet den Album sech 4.5 Millioune mol verkaaft, an ass domat dee 5.meeschtverkaaften an England vun allen Zäiten.