ESC 2013: ARD ouni Pro7

„Unser Star für Malmö“ mat anerem Konzept

Leschten Update: 29.11.2012, 09:29:17

ARD a Pro7 wäerte bei der Sich nom nächsten däitsche Eurovision Songcontest Interpret rëm getrennte Weeër goen. D’Format „Unser Star für Malmö“ wäert net méi am Stil vun enger Talentshow produzéiert ginn. Eng eenzeg Show decidéiert iwwert di däitsch ESC Vertriedung – d’Kandidate ginn dobäi am viraus vun enger kompetenter Jury ermëttelt. An der Woch virun der Live-Show ginn d’Interpreten an hir Lidder virgestallt, a via Live-Voting kann dann ofgestëmmt ginn. De Prinzip vun der Sendung kënnt aus Schweden, an ass do e grousse Succès. Mol eng Kéier e Format, dat de Stefan Raab net erfonnt huet...