Backstreet Boys: nei Musek am Indie-Stil?

Boygroup schafft u neiem Album

Leschten Update: 29.11.2012, 11:30:12

Fir di éischte Kéier zanter 6 Joer bréngen d’Backstreet Boys rëm en Album als Quintett eraus. Di 5 Häre schaffen zu Los Angeles un hirem neiste Wierk, a ronn 75% vun der Aarbecht wier scho gedoen. Op Producersäit si ganz ënnerschiddlech Leit um Wierk – bekannte Gréisste, grad sou wéi jonk Newcomer, an och Indie-Produzenten. Erliewe mir vläicht e Stilwiessel bei de Backstreet Boys?! Mir si gespaant – am Abrëll soll de neien Album op de Marché kommen, duerno wëllen se op grouss Tour goen, an di éischte Singleauskopplung ass fir Ufank 2013 geplangt.