Florence Welch: gëschter Esch-Uelzecht, haut London

D’Florence am Duett mat de Rolling Stones

Leschten Update: 29.11.2012, 10:46:20

D'Florence an der Rockhal!© Eldoradio

Florence and the Machine hu gëschter en Top Concert gespillt an der Escher Rockhal. Haut den Owend ënnerbrécht d’Florence seng aktuell Tour, an trëtt zu London op – mat de Rolling Stones. Jagger a Co spillen an der O2 Arena den zweete vun hire 50.Gebuertsdag-Jubiläumsconcerten, an d’Florence Welch wäert mat de Stones hire Klassiker „Gimme Shelter“ sangen. Eng Geleeënheet, déi et sech an enger Millioun Joere net wëllt entgoe loossen. Weider Special Guest den Owend zu London soll den Eric Clapton sinn.