IAMX: grouss Pläng fir 2013

Neien Album an nei Tour

Leschten Update: 30.11.2012, 08:20:57

No sengem leschten Album 2011 wäert de Chris Corner, aka IAMX, d’nächst Joer rem e neie Longplayer op de Marché bréngen – Titel nach onbekannt. Coproduzéiert gouf den Album vum Jim Abbiss, dee schonn Hand ugeluecht huet bei Lidder vum Adele a vun den Arctic Monkeys. Lo dann wot en sech un den düster-romanteschen Elektropop vum fréiere Sneaker Pimps-Frontmann. Den 3.Dezember kënnt di éischt Single „the unified Field“ eraus, an am Fréijoer geet den IAMX op Tour. Noosten Datum fir lëtzebuerger Fans ass den 28.Mäerz zu Bréissel an der Ancienne Belgique.