Festival Saison 2013: Good Stuff

Éischt Headliner gi schonn annoncéiert

Leschten Update: 30.11.2012, 08:22:40

Di grouss Festivaler annoncéiere schonn zum Deel hir Headliner fir 2013. Um lëtzebuerger Rock-A-Field“ trieden Enn Juni z.B. Volbeat an d’Queens of the Stone Age op. Um “Rock am Ring”, vum 7.-9.Juni, si Green Day an 30 Seconds to Mars gemeld. Den 21.-23.Juni sinn den Hurricane- an de Southside-Festival. Nierft den Headliner Queens of the Stone Age a Rammstein, goufen hei lo ë.a. d’Artic Monkeys, Deichkind a Gaslight Anthem annoncéiert.