Coldplay: Neien Album a Siicht

Chris Martin a Co wäerten sech net trennen

Leschten Update: 30.11.2012, 08:23:58

© AFP

Coldplay Fans kënnen opootmen – no engem Concert zu Brisbane hat de Frontmann Chris Martin gesot, dat wier et elo mol gewiescht fir eng Zäitchen, si hätten d’Flemm ëmmer ënnerwee ze sinn. Domat wollt heen awer net soen, dass Coldplay géngen ophalen oder sech trennen. Laut Chris Martin ass schon e neien Album an der Maach! Den aktuelle Coldplay Live Album presentéiere mir iech nächste Mëttwoch Owend vun 8 Auer un iwwregens hei am „Eldoradio Live“.