Ryan Leslie: Ween „A“ seet...

… muss och “B” soen!

Leschten Update: 03.12.2012, 10:57:36

Dem Rapper Ryan Leslie war zu Köln säi Laptop geklaut ginn. Dësen hat doropshin eng Prime vun 20.000 Dollar ausgeluewt fir deen, deen him de Computer zréck bréngt. E Mann huet dat gemaach, ouni awer eppes vun der Prime ze wëssen. E Merci krut ën net fir seng Éierlechkeet, a Geld wollt de Rapper och net méi bezuele, well de Laptop anscheinend futti war. E Geriicht huet awer lo decidéiert, dass de Leslie déi 20.000 Dollar bezuele muss. Tja, ween „A“ seet...