Kylie & Ne-Yo: Peace!

Optrëtter bei der Friddensnobelpräisiwwerreechung

Leschten Update: 03.12.2012, 10:59:13

Grouss Éier fir d’Kylie Minogue an de Ne-Yo – si wäerten den 11.Dezember zu Olso bei der Iwwerreechung vum Friddensnobelpräis optrieden. De Milow an Il Volo stinn ënnert anerem och op der Lëscht vun den Artisten. Duerch den Owend féieren iwwregens d’Hollywoodacteure Sarah Jessica Parker an Gerard Butler. De Friddensnobelpräis geet dëst Joer un d’Europäesch Unioun.