Metallica: eegene Plackelabel

„Blackened Recordings“

Leschten Update: 06.12.2012, 08:36:07

No 28 Joer hu Metallica sämtlech Rechter un hirem Originalmaterial zréck kaaft, a lo hiren eegene Plackelabel „Blackened Recordings“ lancéiert. Si si sech mam Warner Music Group driwwer eens ginn, dass si d’Rechter un hirer Musek an hire Videoe fir sech hunn, a sech an Zukunft selwer vermaarte wäerten. Lass geet et an enger Woch, mam Release vum Metallica Live-DVD „Quebec Magnetic“.