Lady Gaga: “On Fire” op Jackson Stee

“King of Pop”-Outfits fir d’Sängerin

Leschten Update: 04.12.2012, 08:22:10

© AFP

D’Lady Gaga huet gëschter op enger Stee ë sëlleche Kleedungsstécker vum verstuerwene Michael Jackson gesteet. Ganzer 55 Artikele huet d’Sängerin mat heem geholl fir se z‘archivéieren, dorënner d’Jackett aus dem “Bad” Video, an e Puer wäiss Glitzerhändschen. Wéi vill d’Lady Gaga dofir bezuelt huet, ass net bekannt ginn – am ganze sollen awer méi wéi 5 Milliounen Dollar rakomm sinn.