50 Cent: flotten Dräier!

Nei Single “My life” mat prominenter Verstäerkung

Leschten Update: 04.12.2012, 08:42:49

© AFP

Dem 50 Cent säi neien Album “Street King Immortal” wäert Ufank 2013 op de Marché kommen. Di éischt Singleauskopplung wäert „My life“ heeschen, a fir déi huet den Eastcoast-Rapper sech prominent Verstäerkung an de Studio geholl. Den Eminem an de Maroon 5 Frontmann Adam Levine wäerten am Lidd mat den däischtere Säite vum Promiliewen ofrechnen. Mir si gespaant op déi Combo!