Huet d'Alicia Keys eng Songzeil geklaut?

Et geet ëm den Titel "Girl on fire"

Leschten Update: 18.12.2012, 13:33:01

Den Songwriter Earl Shuman behaapt dat d'Alica Keys bei him geklaut huet. Konkret geet et hei ëm eng Songzeil bei "Girl on Fire". Den Shuman behaapt dat verschidden Elementer am Text hien direkt un säin Titel "Hey There Lonely Girl" aus den 60er Joren erënnert huet. Genee dofir huet den Museker elo Plainte gemaach: d'Geriicht zu Los Angeles muss dann elo erausfannen op effektiv eppes un den Virwërf drun ass. Vun Säiten vum Alicia Keys war allzäit nach keen Statement ze kréien!

Check hei "Girl on Fire"