Kesha: Keen Airplay méi fir "Die Young"

Dat Ganzt aus Respekt virun den Affer vun der Sandy Hook Elementary School

Leschten Update: 19.12.2012, 12:38:39

No där ganz schlëmmer Schéisserei an der Sandy Hook Elementary School bei där 26 Mënschen hiert Liewen gelooss hunn, hunn vill Radiostatiounen an Nordamerika décidéiert dem Kesha seng aktuell Single „Die Young“ net méi ze spillen, dat well ënnert den Affer jo ganz vill Kanner waren.  Den Respekt virun den Famillen stéing un éischter Plaatz an dofir wier et „mauvais goût“ esou een Titel ze spillen den eben och kéint falsch interpretéiert ginn, esou den Direkter vun engem groussen Amerikaneschen Radio.