Den Atelier léisst den RAF 2012 nach eemol Revue passéieren! Checkt hei de Video >>>
Leschten Update: 19.12.2012, 13:55:44
Share
Bands wéi Billy Talent, Mumford and Sons oder och nach Triggerfinger: den RAF 2012 hat wéi déi Editiounen virdrun natierlech nees vill musikalesch Qualitéit ze bidden. Dobäi koum nees déi genial Stëmmung am Public an dat gutt Wieder. Mee wéi gesäit et eigentlech hannert den Kulissen vun sou engem Festival aus? Wat erlieft d'Equipe vum Atelier an wéi geet et der ganzer Crew? Schliisslech geet hier Aarbecht schon wäit virum Festival lass. Et sinn genee déi Ablécker déi den Documentaire vum RAF 2012 eis bitt. Onvergiesslech Momenter, Stress, Erliichterung an Problemer: all d'Emotiounen déi sou een Festival fir déi Leit déi do schaffen mat sech bréngt kann een hei hautno erliewen an sech schon nees op d'Editioun 2013 freeën!