Blink 182: Beim nächsten Album gët sech méi Zäit geholl!

D'Band muss léieren méi gedëlleg ze sinn!

Leschten Update: 20.12.2012, 11:33:15

Blink 182 dréinen nees richteg op: nodeems den leschten Album net bei allen Fans gutt ukoum soll elo nees alles besser ginn. An engen Interview huet den Mark zouginn, dat d’Band an der Vergaangenheet Feeler gemaach hätt. Sou hätt een sech vläit missten méi Zäit loossen fir een nach besseren Longplayer op den Maart ze bréngen. All Mënsch hätt awer Bock gehat sou séier wéi méiglech eppes erauszebréngen fir d’Fans net nach méi laang waarden ze loossen. Beim nächsten Album soll alles besser ginn: mir kënnen eis also op een Meeschterwierk freeën!

Check hei "Pretty Little Girl"