Ex Kandidat JesperJürgen: Scharf Kritik un The Voice

Den Ex-The Voice Kandidat Jesper Jütrgens wëllt raus aus dem Kontrakt mat Universal

Leschten Update: 20.12.2012, 13:39:08

Hien war bis zu senger Eliminatioun an der Véirelsfinale de Publikumsliebling bei "The Voice Of Germany" an huet op Facebook iwwer 18.000 Fans. Lo huet de Jesper Jürgens ee Video op Youtube a Facebook gesat wou hien di Responsabel vun der Castingshow schaarf kritiséiert.
Säi gréisste Virworf: Hien hätt een 58 Säiten décke Kontrakt missen ënnerschreiwen, deen hien jorelaang un d'Plackefirma Universal bënnt. De Video weist wéi den Jesper nieft senger Gittar setzt a ganz bewosst net spillt. Wann hien de Kontrakt brécht, soll hien 4.000 Euro Strof riskéieren.

Dobäi huet hien sech als éischt ganz wuel gefillt an der Castingshow. Dunn gouf hien glat gespullt, seet den Jesper, Et wollt een hien net méi als deen Typ, deen hien am Ufank war.

Ee weidere Problem, wier, dass hien bei der Show kee Geld verdéngt huet, de Loyer awer weider muss bezuelen.

Op Facebook kritt den Jürgens fir seng Kritik allerdéngs net just Zoustëmmung. vill leit reprochéieren dem Museker ee schlechte Verléierer ze sinn.

Kuckt hei dem Jürgens säi Video: