Ian Watkins, Sänger vu Lostprophets ugeklot wéint Pädophilie

Dem Sänger gi schlëmm Saache virgeworf, hie soll selwer Mannerjäreger mëssbraucht an kannerpornographescht Material verkaf hunn...

Leschten Update: 20.12.2012, 16:04:56

Ganz schlëmm News ginn et rondrëm de Lostprophets-Sänger Ian Watkins, deen een dëst Joer jo nach live um RAF konnt gesinn. De Sänger huet sech e Mëttwoch viru Gericht missten veräntweren. Him gëtt sexuelle Mëssbrauch virgeworf. De Sänger soll sech un engem 1 Järege Puppelchen vergaangen hunn. Him gi nach ähnlech Fäll virgeworf. Hien soll och kannerpornographescht Material verdriwwen hunn. 2 Fraen am Alter vun 20 an 24 Joer solle mat am Coup sinn.  De nächste R-v um Gericht ass den 31. Dezember! Bis dohinner ass setzt hien am Prisong. Seng Bandkollegen stinn enner Schock!

Op hirer offizieller Homepage ass just nach1 Kommentar ze liesen:

Et goufe schwéier Ukloen géint den Ian Watkins erhuewen. Mir sinn all immens schockéiert an léieren elo réischt d' Detailer duerch di ganz Affaire do kennen, genee wéi dir grad. Et ass eng ganz schwéier Zäit vir eis an eis Familljen a mir wëllen Iech de Fans Merci vir d' Ënnerstëtzung soen, während mir no Äntwerten sichen.

Jamie, Lee, Luke, Mike and Stu