
Den Black Keys Member Patrick Carney ass een Multitalent-souvill dierft gewosst sinn. Elo kënnt dann nach eppes dobäi: op der Radiostatioun SiriusXM host den Patrick elo och nach seng eegen Radioshow. An dat aus engem ganz einfachen Grond: den Museker ass generft vun der Langweil déi am Moment op verschiddenen Statiounen leeft. Hien gesäit sech selwer aus eng Zort Retter vun der Radiokultur. Dofir huet hien och drop bestanen absolut keen virun d’Nues gesat ze kréien-d’Show soll 100% Patrick Carney sinn, d’nächst Joer soll et lass goen!
Lauschter hei "Tighten Up"
Lauschter hei "Gold on the Ceiling"