Will.i.am: Lieblings-Chrëschtlidder verschwonnen

Charts-Succès fir Chrëschtdag ass net garantéiert

Leschten Update: 27.12.2012, 08:32:40

© AFP

De will.i.am ass net dovun iwwerzeegt, dass ee Chrëschtdagslidd automatesch fir Succès an den Charts suergt. Mir kennen di alljährlech Procedur vu Wham a vum Mariah Carey. Wann een extra e Lidd fir d’Feierdeeg schreiwt, sou de Sänger vun de Black Eyed Peas an engem Interview, heescht dat awer trotzdem net, dass een dann di nächsten 10-15 Joer automatesch rem d’Hitparade stiermt. Seng Lieblings-Chrëschtlidder vun den Jackson 5 a vum MC Hammer wieren z.B. quasi verschwonne vun de Radioen. Et richt also net wirklech no engem eventuelle Black Eyed Peas „all-time Xmas“ Klassiker...