Lady Gaga: fir ze kucken a fir ze lauschteren

Neien Album an en Documentaire sinn an der Maach

Leschten Update: 27.12.2012, 08:34:51

© AFP

D’Lady Gaga huet op Chrëschtdag via Twitter annoncéiert, dass si fläisseg um nächsten Album schafft. „ARTPOP“ wäert ën heeschen, an di geckeg Sängerin hätt méi wéi 50 Lidder dofir geschriwwen. Parallel dozou gëtt een Documentaire iwwert d’Lady Gaga gedréint, an deem et ëm hiert Liewe geet, d’Entstoe vum neien Album, an em hir Millioune Fans weltwäit. De Release vum Film a vum Album ass fir d’Fréijoer geplangt.