BMG: neie Musekkatalog

Plackefirma keeft Rechter un Tonne bekannte Lidder

Leschten Update: 27.12.2012, 12:09:22

D’Plackefirma BMG huet di weltwäit Rechter un enger ganzer Partie Musekkataloge kaaft, z.B. un de Lidder vum Kurt Cobain a vun Tears for Fears. Nierft „Smells like teen Spirit“ an „Everybody wants to rule the World“ huet BMG och d’Rechter un de Lidder vum Iggy Pop a vun Take That kaaft, grad sou wéi un de Robbie Williams Lidder “Rock DJ”, “Let me entertain you” an “Angels”. Weider Songs op der Lëscht sinn z.B. nach “Mercy” vum Duffy,  “Back to black” vum Amy Winehouse an “Are you gonna go my way” vum Lenny Kravitz.