Groussbritannien: Show me the Money!

Beatles oder M.Jagger op neiem Geldschäin?

Leschten Update: 28.12.2012, 12:05:37

© AFP

A Groussbritannie kënnt geschwënn e neien 10 Pond Geldschäin eraus, an d’Populatioun ka via Online-Voting ofstëmmen, wéi eng englesch Berühmtheet drop ofgebild soll ginn. Als Nofolger vum Charles Darwin kommen z.B. d’Beatles a Fro, de Rolling Stones Frontmann Mick Jagger an de Robbie Williams. Ob allerdéngs e Museker et op de Geldschäin wäert packen, ass méi wéi ongewëss. Am ganze stinn 150 potentiell Kandidaten op der Lëscht, dorënner Berühmtheete wéi de Winston Churchill, de William Shakespeare an d’Prinzessin Diana.