The Wanted: Geldnout!

Bis viru kuerzem war d’Band nach a rouden Zuelen

Leschten Update: 28.12.2012, 12:13:32

© AFP

Musekgruppe musse virum groussen Duerchbroch meeschtens haart fir hiert Geld schaffen – dat ass meeschtens sou, a war och bei The Wanted net aneschters. Réischt wéi si dëst Joer als Virband vum Justin Bieber op deem seng Tour matduerfte, koum den Duerchbroch um amerikanesche Marché. Grad nach mat Zäite, well d’Band hat di 18 Méint virdrunn an engem Stéck op Schoulen an a Club’en gespillt, ouni eppes domat ze verdéngen. Si hate Scholden – déi dank der Bieber Tour awer lo Vergaangenheet sinn.