Adele: Karaoke Queen

E weidere Rekord fir di britesch Sängerin

Leschten Update: 28.12.2012, 12:14:59

© AFP

Dem Adele säi Megahit „Someone like you“ huet rëm e Rekord opgestallt. D’Lidd war 2012 de beléifteste Karaoke Song. Um spezialiséierten Internetsite „Lucky Voice“ gouf d’Lidd dëst Joer méi wéi 3 Millioune mol gesongen. An d’Adele ass mat 2 weidere Songs an der Top 10 vertrueden. Op Plaz 2 kënnt „Call me maybe“ vum Carly Rae Jepsen, hannendrun „What makes you beautiful“ vu One Direction. Réischt op der 5 kënnt mat “Bohemian Rhapsody” vu Queen den éischte grousse Klassiker.