Emeli Sandé: besser wéi d’Adele

Meeschtverkaaften Album a Groussbritannien

Leschten Update: 03.01.2013, 08:29:09

© AFP

Dem Emeli Sandé säin Album „Our Version of Events“ ass dee meeschtverkaafte vum Joer a Groussbritannien. Am Februar d’lescht Joer war en op de Marché komm, a stoung kuerz duerno schonn op Plaz 1. Knapp 1.4 Milliounen Exemplaire goufe bis lo dovu verkaaft. Op Plaz 2 am Klassement kënnt „21“ vum Adele. D’Emeli Sandé schreift de Moment scho rëm u neie Lidder – dës Kéier net fir sech selwer, mä fir d’Originalbesetzung vun de Sugababes, déi rëm zesumme wëllen optrieden.