ESC : Eurokris?

Ofsoe fir d’Editioun 2013 a Schweden

Leschten Update: 04.01.2013, 08:39:01

Beim Eurovision Song Contest a Schwede wäerte manner Länner deelhuele wéi d’lescht Joer am Aserbaidschan. D’Tierkei, Bosnien Herzegowina, Portugal, Polen an d’Slowakei hunn hir Participatioun zréck gezunn. D’Käschte wieren einfach ze héich. An am Fall vun engem Gewënn misst nach vill Geld an d’Hand geholl gi, fir d’Joer drop de Contest z’organiséieren. D’Eurokris huet lo also och schonn den ESC erreecht...