2013: Grousst Musekjoer?

Di meescht erwaarten Albume vum Joer

Leschten Update: 04.01.2013, 12:13:24

© AFP

Eng ganz Partie nei Albume wäerten dëst Joer erauskommen –hei déi bis elo wichtegsten, déi ugekënnegt goufen: ARTPOP wäert den 3.Album vum Lady Gaga heeschen. 50 Lidder soll Madame Gaga dofir geschriwwen hunn, sou dass et méiglecherweis en Duebelalbum wäert ginn. Nodeems One Direction d’lescht Joer 2 Albume erausbruecht hate, wëllen d’Konkurrente vun The Wanted lo am Fréijoer mat hirem 3.Album nozéihen. Zanter November ass gewosst, dass d’Katy Perry un engem neie Longplayer schafft, deen ënnert dem Afloss vu senger Scheedung vum Russell Brand steet. Mëtt des Joer wäert den Album wuel um Marché sinn. An da kënne mir eis och nach op neit Material freeë vum Mariah Carey, vum Britney Spears, a vum Justin Bieber.