
De Clueso hätt jo sollen den 25. Januar zu Lëtzebuerg optrieden. E puer Deeg virum Concert war hien jo krank ginn an huet de Concert missen annulléieren. Lo gëtt dës Show den 17. Februar nogeholl.
Bio:
De Clueso ass Sänger, Songwriter, Produzent a Bandleader an enger Persoun.Den Erfurter Museker huet ugefangen als Rapper vu Wostok Mob, eng Hip Hop Crew mat Rapper, Sprayer an Dänzer. Am Joer 2001 huet hien ënner eegenem Numm säin éischte Soloalbum eraus bruecht a geet hei méi a Richtung Songwriterpop.
Haut gehéiert de Clueso zu de groussen Nimm an der däitscher Musikswelt. Seng gréissten Hitten heeschen ënner anerem "Gewinner", "Keinen Zentimeter" an "Chicago". Bis elo am ganzen 5 Studio-Alben a vrun allem honnerte Concerten an Däitschland, an an den Nopeschlänner hunn seng Fangemeinschaft ëmmer méi grouss gemaach.Um Rock-A-Field d'lescht Jor zu Réiser huet dee sympathesche Museker total iwwerzeegt, an de Concert am Atelier ass och sold out.
Gewannt hei Är Tickete hei!
LINK: Den Atelier
LINK: HOMEPAGE CLUESO
Kuckt hei seng gréissten Hitten: