Jay-Z: The Great Gatsby

De Rapper schreift Filmmusek

Leschten Update: 07.01.2013, 10:33:14

© AFP

Am Mee wäert dem Baz Luhrmann säi Remake vum Filmklassiker „The Great Gatsby“ an d’Kinoe kommen. D’Haaptrolle spillen de Leonardo Di Caprio an den Toby Maguire. Och op musikalescher Säit huet de Film grouss Nimm ze bidden – de Baz Luhrmann huet den Jay-Z gefrot, fir d’Filmmusek ze schreiwen. An um Soundtrack vun „The Great Gatsby“ fanne mir weider bekannte Nimm, wéi Kanye West, Prince, Lady Gaga an Jack White.