An der virtueller Welt krut d’Lady Gaga elo eng op d’Nues. Si huet op Youtube vill manner Views wéi bis ewell ugeholl. Grond dofir sollen ënnert anerem speziell Programmer an Hacker sinn, déi d’Zuel vun de Klicke no uewe gedriwwen hunn. Dëss Perte vun 156 Millioune Viewe kënnt nëmmen 1 Mount nodeems eng Partie Clippe vu Sony a Universal zu sougenannten „Dead Videos“ erklärt goufen, an domat net méi matgezielt ginn. Vläicht sollt een och mol beim Psy sengem „Gangnam Style“ nokucken, ob do alles mat rechten Déngen zougaang ass...