Justin Timberlake: Live on Stage

De Comebacker vum Joer trëtt bei de BRIT Awards op!

Leschten Update: 01.02.2013, 11:02:09

© AFP

Den Justin Timberlake gëtt un alle Fronte Gas – no sengem iwwerraschende Comeback wäert den Timberlake bei de BRIT Awards optrieden. D’Organisateure, grad esou wéi säi Management, si begeeschtert vun där Decisioun. Och d’Beyoncé Knowles ass jo am Comeback-Féiwer – an och hatt wäert den 20.Februar zu London live op der Bühn stoen. Eldoradio iwwerdréit d’Brit Awards wéi ëmmer exklusiv a live aus der britescher Haaptstad!